Friday,

December 10, 2021

Fest vun der Heemecht

at den Atelier Doors: 7:00 pm

ARTIST BIOGRAPHY

D’Fest vun der Heemecht ass e Lëtzebuerger Owend dee weist, dass eis Sprooch do ass fir Brécken ze schloen, an net fir d’Leit ze trennen, ob am Hiphop vun De Läb, am Folkrock vum Serge Tonnar oder an der 20er Joren Chanson vun de Cojellico’s Jangen. Déi 3 Gruppen droen, jiddereen op seng ganz eege Manéier, op Lëtzebuergesch zum Dialog tëscht de Kulturen bäi.

Äre Besuch um Benefizconcert ënnerstëtzt den 2015 gegrënnte Veräin “Mir wëllen iech ons Heemecht weisen” dee fir den interkulturellen Dialog steet. D’Kultur eegent sech besonnesch gutt fir d’Mënschen zesummen ze bréngen, éischt Kontakter ze schafen an den Dialog un d’Rullen ze kréien: zesummen danzen, sangen, musizéieren a feieren, oder am Grupp kulturell Ausflich ënnerhuelen.

Line-up:  Serge Tonnar & Band, D’Cojellico’s Jangen, De Läb

PRACTICAL INFORMATION

  • Venue: den Atelier
  • Where: 54 rue de Hollerich, 1740 Luxembourg
  • Doors: 7:00 pm
  • Promoter: Mir Wëllen Iech Ons Heemecht Weisen
  • Schedule: 20.00 D'Cojellico's Jangen // 21.00 Serge Tonnar & Band // 22.15 De Läb

OUR PARTNERS